Ons fréier Schüler Julie Meynen, Thomas Grün a Matthieu Osch hunn den Donneschden, 29. September, wärend der Soirée des récompenses d’Wall of Fame am Sportlycée ageweit. Déi dräi erfollegräich Athlete konnte soumat an direkte Kontakt mat onsen aktuelle Sportschülerinnen a Sportschüler trieden.
D’Wall of Fame ass entstanen am Kader vun der 10 Joresfeier vum Sportlycée, déi mam Salon des Centres de Formation an der Visitt vum Grand-Duc hiren Héichpunkt hat. Den 28. Abrëll gouf d’Wall of Fame onse Gäscht an der Coque eng éischte Kéier vun der Direktioun virgestallt, ier se am Gebai vum Sportlycée installéiert gouf.
Déi aacht ausgewielten Athletinnen an Athleten aus Eenzel- an Ekippesportaarten si Virbiller vun gelongene Dual Careers a bedeitende sportleche Performancen, déi si groussen, perséinlechen Efforte verdanken. Héich Krittäre ware néideg fir eng Auswiel tëscht onsen Alumni treffen ze kennen – an Ekippesportaarten stoung eng reusséiert professionell Karriär am Vierdergrund an an Eenzelsportaarten d’Participatioun bei groussen internationale Kompetitiounen. Folgend Sportlerinnen a Sportler goufen schlussendlech zréckbehalen: Leandro Barreira Martins, Sarah De Nutte, Thomas Grün, Bob Jungels, Julie Meynen, Matthieu Osch, Raphaël Stacchiotti a Jenny Warling.