Den Donneschden Owend war et erëm esou wäit an all ons Schülerinnen a Schüler, déi sech am leschte Schouljoer besonnesch erfir gedoen hunn, goufen op der Soirée des récompenses fir hiert Engagement an hir Performance geéiert. Nieft den Elèves méritants an de Sportifs méritants, déi fir hir schoulesch bzw. sportlech Resultater ausgezeechent goufen, sinn dëst Joer fir déi éischte Kéier och déi Schülerinnen a Schüler belount ginn, déi sech besonnesch am Kader vun der Schoulgemeinschaft engagéiert hunn. Mat der neier Kategorie vun den Elèves engagés, déi op Initiativ vun der Elterevereenegung entstanen ass, ginn déi Wäerter, fir déi de Sportlycée an d’Sportschüler stinn, ervirgehuewen. Passend dozou hunn dräi erfollegräich Sportler a fréier Schüler, d’Julie Meynen, den Thomas Grün an de Matthieu Osch hire Nofolger d'Medailen iwwerreecht. Dëse Besuch zréck an hir fréier Schoul ass am Kader vun der Aweiung vun der Wall of Fame zustane komm, déi deeselwechten Owend war.
Als leschten Akt goufen dräi Schüler, déi mat hirem schouleschen a sportleche Succès den duebele Projet vum Sportlycée erfollegräich am Alldag liewen, ausgezeechent. De Prix d’excellence goung un d’Ehis Etute, de Raphaël Magron an de Vincenzo Nadalini.
Mir gratuléiere jiddwer Schüler fir seng Leeschtung, wënschen hinne weider vill Succès an dësem Schouljoer a soen eise Gäscht Merci fir hir Visitt.