Den Ufank hunn de Freiden, 16. September, ons nei Sportschülerinnen a Sportschüler vu Septième gemaach, wéi si zesumme mat hiren Elteren vum Direkter Pascal Schaul an der Sportshal begréisst gi sinn. Fir d’Schülerinnen a Schüler vu 6e bis 1re war et dëse Méinden, 19. September, um Tour. Gläichzäiteg war et d’Rentrée fir d’Enseignanten an d’Traineren vun den Centres de Formation.
Mat 472 Schüler handelt et sech ëm déi gréissten Rentrée an der 10-järeger Geschicht vum Sportlycée. Betreit gi si vun 56 Enseignanten an encadréiert vu 37 weidere Mataarbechter. Fir dat neit Schouljoer wënsche mir jiddwerengem vill Erfolleg op schouleschem, sportlechem a berufflechem Plang.