De 14. Juni a 5. Juli waren d’Schüler vun der 2C zesumme mat der Madamm Sassenrath an de Scienteenslab vun der Uni.lu, fir en éischten, prakteschen Abléck an d’Fuerschung ze kréien.
Bei der éischter Visitt war de Workshop ‘Discovering Cancer Research’ um Programm. Hei konnten ons Schülerinnen a Schüler op mënschleche Kriibszelle schaffen, RNA isoléieren a quantifizéieren. Si kruten och déi verschidde Schrëtt an der wëssenschaftlecher Recherche erkläert.
Am zweete Workshop - DNA on a tanning bed – hunn si den Effet vun den UV Stralen op den DNA vun Escherichia coli Bakterië gekuckt. Si hunn den DNA isoléiert, eng PCR gemaach an eng Electrophorese am Agarose Gel.