Vum 24. bis de 26 Juni ware mir, d‘4C2 ob engem Ausfluch zu Berlin mat der Madamm Karier an der Madamm Reinig. En Freiden de Mëtten, nodeem mir mam Fliger dohi geflu sinn, hu mir eng Vëlostour duerch Berlin gemaach. Eise Guide, de Philippe ass mat eis bis bei di fréier Berliner Mauer gefuer, wou hien eis vill intressant Saachen iwwert d’Liewe virun am no Mauerbau erzielt huet.
Duerno hunn mir mat enger schéiner Ambiance a guddem Iessen den Owend an engem indesche Restaurant ausklénge gelooss.
Samschdes moies ware mir scho frei ob de Been, vir d’Ausstellung„Körperwelten“ kucken ze goen. Eise Guide war eng jong Medezinsstudentin, déi eis mat ganz vill Passioun alles erkläert huet.
No der Ausstellung hate mir en puer Stonnen Zäit vir Berlin ob eege Fauscht ze entdecken. Um 3 Auer hunn mir eis dann awer rëm missen treffen, vir eng Bootstour iwwert d’Spree ze maachen. Virum Owendiessen si mir da bis ganz uewen ob d’Reichstagkuppel gaangen, wou mir eng super Vue iwwer Berlin haten. Eis Pizza hate mir eis dunn all verdéngt. No deem ustrengenden Dag hunn mir dunn de leschten Owend mat Bowling spille verbruecht.