Ee staarken Optrëtt hat déi ganz FLTri-Delegatioun am Québec ; mat dozou bäigedroen hunn aus Siicht vum Sportlycée ons Schülerinnen Mara Krombach, Gwen Nothum an Alumna Eva Daniëls. Bedéngt duerch eng schlecht Waasserqualitéit ass op een Duathlon gewiesselt ginn ; no 2,5 km Lafen, 20 km Vëlo an 5 km Lafen koum d’Mara als gutt 17. an d’Ziel, mat engem Retard vun 2’43’’. Mat engem Retard vun 6’10’’ ass d’Gwen als 39. agelaf, während d’Eva als 16. eng Personal Best bei enger WTS-Course erreecht huet. Obwuel e puer Joer méi jonk ewéi d'Athleten vun den anere Länner, sinn d’Eva an d’Mara zesummen mam David Lang an Aurélien Carré och nach an der Junioren-Mixed-Staffel gestart. Felicitatiounen fir är Performancen !
(Foto : Facebook FLTri)