D’Schüler vun der Klass 4CS1 hunn de Mëttwoch, 29. Juni, begleet vun der Madamm Lessing an dem Här Schommer, en edukativen Ausfluch an d’Häerz vun onser Demokratie, der "Chambre des Députés", gemaach. Organiséiert hat dës Visitt um Krautmaart, zesumme mam Workshop, den Zentrum fir politesch Bildung; wéi genee den Ausfluch ofgelaf ass, beschreift ons d’Nina :
“De Besuch an der Chamber huet mir ganz gutt gefall. Ech war vun de „klassesche“ Gebaier beandrockt, déi viru kuerzem restauréiert goufen.
Mir hunn Deputéiert gespillt, andeems mir parlamentaresch Fraktioune geformt hunn an dësen e Numm ginn hunn. An engem Workshop hunn d'Gruppen un aktuellen Theme geschafft (Wirtschaft, Bildung, Gesondheet, asw.), iwwer déi mir hu missen diskutéieren, Verbesserunge virschloen, an dann deenen anere Gruppen de Schluss virstellen. Et war interessant sech an d'Schong vun den Deputéierten ze setzen ; allerdéngs war dëst keng einfach Aufgab.
Dräi Deputéiert - Max Hengel (CSV), Serge Wilmes (CSV) a Claude Lamberty (DP) - hunn iwwer hir Carrière geschwat an eis Froe beäntwert. Um Enn vun der Visitt konnte mir eng live Chamberssëtzung iwwert dem Hemicycle verfollegen. E puer Deputéiert hu gefeelt. Op der Plaz, hunn eng Rei Deputéierten d'Rieden nogelauschtert. Anerer waren op Facebook oder hunn Sudoku gespillt. Interessant war et awer eng Live-Parlamentssëtzung ze gesinn.”