D’Sophie Turpel an d’Schwesteren Elena a Lilly Meysembourg hu Lëtzebuerg op der EM an der Rhythmesche Sportgymnastik zu Tel Aviv (15.-19. Juni) vertrueden. Wärend et fir d’Juniorinnen Elena a Lilly hir éischt EM war, war et fir d’Seniorin a COSL-Kaderathletin Sophie schonn déi drëtt Bedeelegung op europäeschem Parquet.
Ass eng Qualifikatioun fir d’Finall an dësem éischtklassegen internationalen Ëmfeld och net gegléckt, sou huet d’Sophie eng staark 37. Platz an de Keelen – a schliisslech eng staark 44. Platz an der Gesamtwäertung – bei 70 Konkurrentinnen erreecht. Mat dëser Performance konnt d'Sophie sech den Ticket fir d'Weltmeeschterschaft secheren.
Mir felicitéieren onsen dräi Matschülerinne fir hir Leeschtungen zu Tel Aviv a wënschen hinne weiderhi vill Erfolleg.
Foto: © FLGym