De 27. Abrëll huet 2 DG um Atelier « YOUstice » vum Zentrum fir politesch Bildung an der Cité Judiciaire deel geholl. Moies huet d’ Klass e Prozess observéiert. Dono hunn d’ Schüler d’ Rolle vun deenen eenzelen Acteuren (Riichter, Procureur, Affekot, Greffier,...etc.) um Geriicht erschafft a sech géigesäiteg presentéiert.
Um Schluss vum Moien ass dunn e Rollespill preparéiert ginn. E fiktive Prozess ass am Nomëtteg simuléiert ginn an eis Schüler hunn d'Roll vum Riichter, Procureur, Ugekloten oder Affekot iwwerholl. Zum Schluss war du nach en Debriefing a Präsens vun engem Representant vum Parquet.