D’Schülerinnen an d‘Schüler vun de Klasse 6C2 a 6C3 hunn sech am Kader vum Weltwaasserdag, dem 22. Mäerz, mat der Waasserknappheet , dem Waasserkonsum an der Waasserverschmotzung beschäftegt. D’Konsequenze fir de Liewensraum Waasser sinn hinne wärend hire Recherchë kloer ginn. Ëmmer méi Déierenaarte stierwen, wat e gewaltegen Afloss ob d‘Nahrungsketten huet an der da wichteg Glidder feelen. Sief et duerch Plastik a Mikroplastik, den si verschlécken an da verhongeren, duerch Geeschternetzer, an deenen si sech verfänken, verletzen a stierwen, oder duerch ausgelafenen Ueleg, den si vergëft oder verpescht. Fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.
Jiddereen kann säin Waasserfoussofdrock bestëmmen an sech iwwerleeën, wéi ee perséinlech säi Waasserkonsum reduzéiere kann: https://wasserampel.wfd.de