Mir sinn frou, dass mir dëst Joer eis Matinée des professions erëm hei am Sportlycée konnten organiséieren.
Zil vun dëser Matinée ass et, de Schüler ee konkreten Abléck an d’Aarbechtswelt ze ginn an hinnen de Kontakt mat ënnerschiddleche Beruffer ze erméiglechen. Dëst Joer hate mir sechs verschidden Atelieren, déi no den Interesse vun de Schüler erausgesicht goufen. Jiddereen hat d’Méiglechkeet un zwee verschiddenen Atelieren deel ze huelen.
Ons sechs extern Intervenanten hunn de Schüler hire Beruff, souwéi hier perséinlech Erliefnisser op eng flott Manéier presentéiert. Vill vun hinnen hunn selwer hire beruffleche Wee mat Leeschtungssport kombinéiert a konnten doduerch eise Schüler vill vun hiren eegenen Erfarunge mat op de Wee ginn.
Ee ganz grousse Merci geet un d’Jenny Warling (Forensik), de Samy Picard (Bankwiesen), de Felix Hoffmann (Medezin), de Marcel Hetto an Yann Wolff (Ingenieurswëssenschaften), de Christian Boudot an d’Gira Szakmar (Informatik an Game Design), esou wéi dem Jean-Michel Campanella (Secteur social).