De Sportlycée ass houfreg, dass de Fläiss a Talent vun de Sportschüler sech och dëst Joer an der Kompositioun vun de Kadere vum Lëtzebuerger Olympiakomitee erëmspigelt.
D’Céleste Mordenti (Gymnastik) huet de Sprong vum Promotiounskader an den Elitekader gepackt.
D’Leeschtunge vum Quentin Brandenburger (Gymnastik), Kenza Cossu (Judo), Mara Krombach (Triathlon) an Enisa Sadikovic (Dëschtennis) goufe mat hirer Opnam an de Promotiounskader unerkannt. Am Promotiounskader goufen zousätzlech folgend Athletinnen an Athleten duerch hir Konstanz confirméiert: Marie Damit (Liichtathletik), Lou Jominet (Schwammen), Jérôme Pauquet (Badminton), Lena Peters (Schwammen), Lola Schleich (Gymnastik), Marie Schreiber (Velo) a Sophie Turpel (Gymnastik). Och d’Projets de promotion Basketball an Handball genéisse weiderhin d’Ënnerstëtzung vum COSL.
Mir gratuléieren onse Schülerinnen a Schüler a wënschen hinne weiderhin vill Erfolleg!