De Freiden, 4. Dezember, ass d’Awards Night vun der Lëtzebuerger Sportspress ausgedroe ginn - wann och pandemiebedëngt nëmme virtuell. Dëst sollt d’Éierung vun de beschte Sportperformance vun dësem Joer awer kengesfalls erofsetzen. Emsou méi freeë mir ons, dass no 2019 mam Eva Daniëls, dëst Joer mam Mara Krombach en zweet Nowuesstalent am Triathlon a Sportlycéeschülerin ausgezeechent gouf. Mir felicitéieren dem Mara häerzlech fir den Gewënn vum ‘Prix du Jeune Espoir’, dëst nieft dem fréieren Sportlycéeschüler a Fussballer Yvandro Borges.
Weider esou a bonne Chance fir d’Zukunft !
Reportage op RTL.
(Fotoen: sportspress.lu/Jeff Lahr)