Nei 'Personal Best' trotz enger Chute um Balken.
D’ Céleste huet exzellent Nerve bewisen an huet säi Programm op der Senioren-Weltmeeschterschaft zu Kitakyushu (18.-24.10.) duerchgezunn. Um éischte Wettkampfdag erreecht d’ Céleste am Mehrkampf 47,791 Punkten an domat déi gutt 34. Plaz vun 58 Turnerinnen. Mir felicitéieren dem Céleste fir säi staarke Score, dee gläichzäiteg eng perséinlech Beschtleeschtung vun der 18-järeger FLGym-Turnerin a Sportlycée-Primanerin ass, a wënschen him vill Erfolleg an de weidere Kompetitiounen an am Examen.
(D'Fotoen si vun der Facebook-Säit vun der FLGym, wou dir och d' Videoe vun dem Céleste senger Performance fannt.)