Beim schéinen Hierschtwieder sinn haut op der Kockelscheier eis Meederchers- an eis Jongen-Ekipp gestart mam Ziel fir hiren Erfolleg vum leschte Joer ze widderhuelen.
Um 3 Auer ass d’Mara dominant gestart an ass ee gudde Virsprong erausgelaf. Duerno hunn d’Matilda, d’Lou, d’Sarah, d’Elena an schlussendlech d‘Linda déi Avance konstant vergréissert, sou dat dem Erfolleg näischt am Wee stoung. Mat enger Zäit vun 22 Minutten a 24 Sekonne sinn si méi schnell gelaf wéi all aner Sportlycées-Ekipp zanter 2012. Bravo !!!
Um hallwer 4 sinn dunn eis Jongen un de Start gaangen. De Maurice huet sech och direkt un d’Spëtz gesat an och hei war déi ni a Gefor. De Ben, de Fabrice, de Nahom, de Jory a schlussendlech de Gaspar hunn eng Bommegesamtzäit vun 18 Minutten an 58 Sekonnen erzielt. An deene leschten 11 Joer war just d’Equipe vun 2014 méi schnell. Eis Jongen sinn am Durchschnëtt 3’10 op deene plus minus 1100 Meter gelaf an den Nahom hat déi schnellsten Zäit. Bravo fir déi éischt Plaz.