... eng weider gutt a gesond Kreatioun aus dem Healthy Corner an dat all Dënschden an der Paus !
Nodeems an engem éischte Schratt déi beschten Nëss-Friichten-Mëschung per Voting vun de Schüler erausgepickt gouf, huet et just nach gegollt, de richtegen Numm per Concours ze fannen. Ënnert ville Proposen huet d’ Céleste Mordenti vun der 1re B mat sengem Virschlag Sporty Nuts de Nol op de Kapp getraff... onsen neie Snack schmaacht net nëmme gutt, mee gëtt dem Sportler vill Energie an dat op laang Dauer. Nieft dem obligatoresche Pak Sporty Nuts konnt d’ Céleste sech iwwert ee Bong fir den Healthy Corner an ee Bong fir d’ SL-Kleederkollektioun freeën.
Am Healthy Corner kritt dir all Dënschden an der Moiespaus weiderhinn déi verschidde gesond a lecker Snacke, ewéi de bekannte Smoothie an de Friichtemüsli, déi ons Diététicienne Tammy Diderich zesumme mat sengem Team vu Sport+ frësch fir iech zoubereet.