Den 23. September konnt déi feierlech Traditioun vun der Soirée des récompenses am Sportlycée nees opgeholl ginn. Et war zwar déi éischte Soirée ënnert dem Covid-Check, mee ewéi all Joer stoungen déi exzellent schoulesch a sportlech Resultater vun onse Schülerinnen a Schüler am Mëttelpunkt.
Trotz der schwiereger Situatioun vum leschte Schouljoer goufe net manner ewéi 35 Élèves méritants a 17 Sportifs méritants fir hir besonnesch Leeschtunge geéiert. Ervirzehiewe sinn dernieft déi duebel schoulesch a sportlech Exploiten, vum Yaara Puraye am Cycle inférieur, a vum Teodora Galic, Lola Schleich, Gaspar Klückers a Vicenzo Nadalini als Prix d’excellence am Cycle supérieur.
Mir gratuléieren jidderengem fir seng Reussitten, sief et op schouleschem oder sportleche Plang.