De 16. a 17. September war Schoulrentrée am Sportlycée. Fir 74 Schülerinnen a Schüler op 7e an 29 Schülerinnen a Schüler op de Klasse 6e bis 1re war et den éischte Schouldag um Kéibierg. De Sportlycée ass houfreg, dëst Joer 409 Schülerinnen a Schüler ze empfänken, déi vun 49 Enseignanten ënnerriicht ginn. Am Aklang mat de sanitäre Mesuren huet den Här Schaul d' Schüler, d' Elteren, d' Enseignanten, d' Trainer an d' Personal am Numm vun der Direktioun häerzlech fir d' Rentrée begréisst.