De Sportlycée freet sech iwwert dee schéinen Exploit, deen d' Kenza op der Jugendeuropameeschterschaft zu Riga realiséiert huet. An der Gewiichtsklass -63kg hat d'Kenza no véier gewonnene Kämpf, ënnert anerem géint déi op Nummer 1 gesaten Anna Skalska (CZ), d' Final erreecht. Eréischt géint d' Nele Noack (D) huet hat sech dunn misse geschloe ginn. Ewéi d' Kenza an seng Traineren den Tournoi an de Gewënn vun der Sëlwermedail erliewt hunn, kënnt dir an den Artikele vum Tageblatt (Link FLAM facebook), Luxemburger Wort (Link FLAM facebook) a Républicain Lorrain noliesen.
Kenza, mir sinn houfreg op deng exzellent Leeschtung a felicitéiere dir an dengen Traineren a sportlechem Ëmfeld !
(Fotoen: FLAM fb, rtl.lu, wort.lu)