De Béryl Huveneers vun der 2e C hat Loscht, säin Talent net nëmmen um Vëlo, mee och op der Lëtzebuerger Biologiesolympiad ënnert Beweis ze stellen. Dëst ass dem Béryl och gelongen a mir felicitéieren him fir seng 18. Platz an der Semifinall (bei 63 Participanten). Domat huet hien nëmme ganz knapps den Anzuch an d'Finall verpasst.