An der Woch vum 1. bis de 5. Februar huet ons traditionell Semaine de la Prévention stattfonnt. Huet de Kader dëst Joer och missen un d'sanitär Situatioun ugepasst ginn a méi bescheiden ausfalen, esou huet onse SePAS et awer fäerdeg bruecht, zesumme mat senge Partner, flott Aktivitéiten z' organiséieren. D' Workshops op de Klasse vu Septième bis Troisième hunn d' Beräicher vun der Drogenpräventioun, dem Planning Familial, dem Entreprenariat, der Orientatioun, der Éischt Hëllef, dem Medientraining, der Duebeler Karriär an dem Zäitmanagement ugeschwat. Mir soen all den Intervenanten e besonnesch grousse Merci fir hiert Engagement, hir Zäit an hir Mataarbecht.