Déi drëtt Editioun vun der Chrëschtfeier am Dezember 2019, organiséiert vun de Schüler vu Sport+, war ewéi erwaart, e grousse Succès ginn. Invitéiert waren deemools d’ Organisatiounen Kriibskrank Kanner an Unicef (mam Projet Living Schools), fir hir Aarbecht ze presentéieren. Verzögert duerch d’Coronakris konnten elo d’ Scheckiwwerreechungen vu jee 1800 € u béid Organisatiounen stattfannen.