Déi läscht Woch waren d’Cycliste vun der FSCL am Module “Mental Training” an konnten de Vëlosprofi Ben Gastauer interviewen. De Ben fiert säit iwwert engem Joerzéngt fir d’Equipe AG2R Citroën Team op der WorldTour, dem héchsten Niveau am Vëlossport. Hien ass déi 3 grouss Etappencoursen, also den Tour de France, de Giro an d’Vuelta, schonn alleguer mindestens 3mol gefuer (TdF: 4mol, Giro: 6mol an Vuelta: 3mol). 2014 hat hien seng beschten Eenzel-placéierung an ass den Tour de France als 21. zu Ënn gefuer a mat der Equipe konnt hie souguer d’Equippewäertung gewannen. Och am Giro hat hie schonn eng Top 30 Placéierung an der Gesamtwäertung (2017).
Ugeschwat op seng sportlech Zieler fir Zukunft, huet de Ben de Schüler*innen erzielt, dass hien sech no de leschte Joren, wou hie virun allem als wichtege Coequipier seng Leader an der Equipe ënnerstëtzt huet, nees méi drop konzentréiert och individuell Resultater eraus ze fueren. Nodeems hien sech läscht Joer beim Giro d’Schlësselbee gebrach hat, wëll hien dës Joer do seng “Revanche” huelen an en anert grousst Ziel ass et och zu Tokio bei den olympesche Spiller dobäi ze sinn. Nieft de sportlechen Zieler huet hien awer och berufflech Zieler fir no der Karriär an hei huet de Ben ënnerstrach wéi wichteg et ass, dass een dofir seng Schoul uerdentlech ofschléisst an och scho relativ fréi en Plang fir no der Sport-Karriär huet. Dann ass ee méi roueg am Kapp, wat och vill am Sport hëlleft.
Nieft all den Highlights a senger laanger Karriär hat de Ben och Enttäuschungen oder schwéier Momenter (Chutten, Verletzungen, etc.). Hei huet de Ben de Schüler*innen erkläert, dass een sech bewosst muss sinn, dass dat zum Leeschtungssport dozou gehéiert an een sech mat Hëllef vun neien Zieler, nees aus dëse méi schwéiere Phasen erausschaffe kann. Op d’Fro hin wéi eng Sacrificen hien da misst maachen, sot de Ben, dass een natierlech verschidde Saache misst a Kaf huelen an sou enger Karriär, mee hien déi Saachen net als Sacrifice gesäit, well hien ëmmer weess firwat hien dat Ganzt mëscht. Dat ass en ganz wichtege Message: et sollt een sech ëmmer bewosst si firwat ee Saache mëscht bzw. firwat ee bestëmmten Zieler erreeche wëll. Wann een dat weess, da fält et engem vill méi einfach och a méi schwéiere Phasë motivéiert ze bleiwen an sech net vu sengem Wee ofbréngen ze loossen. Dem Ben seng Motivatioun ass nieft senger genereller Passioun fir de Cyclissem an d’Loscht sech mat aneren ze moossen, och de Wëllen sech permanent weider ze entwéckelen an säin eegene Potential ze erreechen. Et gëtt him eng immens Satisfaktioun sech ëmmer rëm nei Zieler ze setzen an déi dann och ze erreechen (individuell an als Equipe) an ze wëssen, dass hien alles dofir gemaach huet.
Fir de Ben ass dat Mentaalt mat dat wichtegst an enger Profi-Karriär insgesamt, mee och spezifesch an de Coursen. Dofir schafft de Ben an dësem Beräich och mat engem Mental Coach zesummen an hien huet de Schüler*innen erkläert, dass him dat hëlleft sech konkret Zieler ze setzen an dann an enger Course och zu 100% fokusséiert ze sinn. Et ass fir de Ben awer och eng Hëllef mat schwéiere Momenter ëmgoen ze kënnen, Situatiounen ze analyséieren an sech hei och mol sëlwer a Fro ze stellen an dann aus den eegene Feeler ze léieren.
Als Take Home Message huet de Ben de Schüler*inne Folgendes mat op de Wee ginn: “Et ass extrem wichteg ze wësse wat AN firwat een eppes wëll an dann och net labber ze loossen um Wee fir dohinner. Heibäi sollt een sech awer och vun Experten hëllefe loossen an net mengen, dass ee schonn alles wéisst an eleng kéint maachen.”
Villmools Merci un de Ben, dass hien sech déi Zäit fir eis Cyclissem-Talenter geholl huet an déi wichteg Messagen, déi hien hinne mat op de Wee ginn huet.