- Rythmesch Sportgymnastik EM
Enn November huet d’EM vun der Rhythmescher Sportgymnastik, déi duerch Covid verréckelt ginn ass, zu Kiew stattfonnt. Dobäi waren zwou vun eise Schülerinnen, d’Schwësteren Elena Smirnova a Sophie Turpel.
Den Wee bis dohin war net einfach, well si bis zum Schluss net wossten op de Wettbewerb iwwerhaapt géif statt fannen.
Am Juniorinnenberäich ass d’Sophie jeeweils mam Seel dat 20., mam Ball dat 22., mat de Keelen dat 23., a mam Band dat 29. vun 41 Konkurentinnen ginn.
D’Elena Smirnova ass als Seniorin gestart an huet seng beschte Resultater bei enger EM erzielt.
- Konschtturn-EM vun den Hären
Ufanks Dezember hunn de Quentin Brandenburger an de Ronan Foley bei der Konschtturn-EM zu Mersin, an der Türkei, deelgeholl an konnten sou wichteg international Erfarunge sammelen, wat wéinst Covid nët ëmmer sou einfach war.
War et dem Ronan seng éischt EM, sou ass de Quentin schonn 2018 bei der EM zu Glasgow mat 61,331 Punkten den 74. ginn.
Fir d’éischte Kéier hunn dann och zwee Turner aus Lëtzebuerg béi enger EM deelgeholl.
Déi zwee Schüler hunn dann och gewisen, dass sech dat ganzt trainéiere lount: de Quentin konnt sech als 23ten fir d’Finale qualifizéieren an ass mat 72,720 Punkten den 15. am Gesamtklassement ginn.
Och de Ronan konnt bei senger éichter EM iwwerzeegen. Säin bescht Resultat waren 12,266 Punkten an déi 31. Plaatz um Buedem.
- Konschtturn-EM vun den Damen
Mëtt Dezember huet den Eescht fir déi dräi Turnerinnen, Chiara Castellucci, Céleste Mordenti a Lola Schleich ugefaangen. Als Team hunn si déi éischte Kéier als Seniorinne bei der Konschtturn-EM zu Mersin matgemaach. Och fir si war et eng schwiereg Zäit wëll d’EM ëmmer rëm verréckelt gouf.
Mat enger ganz staarker 7. Platz huet den Trio ganz knapp d’Qualifikatioun fir d’Finale verpasst.
Si konnten awer och mat staarken Eenzel-Performancen iwwerzeegen.
Enn November huet d’Marie Schreiber beim éischte Juniorinne Cyclocross-Weltcup zu Tabor an Tschechie matgemaach an ass mat 11 Sekonne Retard op d’Zoe Backstedt, dat 2. ginn. Dëst ass eng super Leeschtung vum Marie, dat zwar ënnert Covid-Ëmstänn normal trainéiere konnt, an awer seet, dass et him un Coursë gefeelt huet.
Am néie Joer koum d’Marie op eng excellent 6. Platz bei der C1 Course zu Troyes.
Enn Januar fënnt d’Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Ostende statt, a mir drécken dem Marie ganz fest d’Daumen fir eng Platz um Podium.
- Fussball U21 EM-Qualifikatioun
Mëtt November huet de 17jährege Noah Rossler sain Debut bei der U-21 gespillt. Sou ass de Première-Schüler am EM-Qualifikatiouns Spill géint de staarke Géigner Italien agewieselt ginn.
- U19- EM Badminton
Enn November hunn d’Kim Schmidt, de Yannick Feltes an de Jérôme Pauquet un der U19-EM am Badminton zu Lahti a Finland deelgeholl. D’Kim konnt sech an der éischter Ronn géint d’Barbara Janici beweisen, mee war herno der staarker Spuenerin Lucia Rodriguez ënnerleeën.
- Mountainbike Marathon Weltmeeschterschaft
De Patrick Mersch, Coordinateur vum Sportlycée Internat, huet Ënn Oktober zu Sakarya an der Türkei un der Mountainbike Marathon Weltmeeschterschaft deel geholl an ass no 110 Kilometer den 43. ginn.
Mir gratuléieren all eise Schülerinnen, Schüler an Mataarbeschter fir déi super Performancen déi si bruecht hunn!