Nodeems déi éischt Woch 1e Schüler*innen de Module “Mental Training” am Kader vum PPG besicht an d’Ultra-Schwëmmerin Paule Kremer interviewt hunn, ware läscht Woch 2e Schüler*innen mat de Sportsproffe Mike Muller a Michel Wolter un der Rei. Dënschdes hunn d’Schüler*innen vum Sportpsycholog Frank Muller eng Intro an de mentalen Training kritt an hunn dono un hiren eegenen Zieler geschafft. En effiziente Goal-Setting ass ëmmer wichteg fir Sportler*innen, mee grad an dësen Zäite mat de ville COVID-19 Restriktioune kann et besonnesch hëllefräich sinn, sech Gedanken em déi eege kuerz-a laangfristeg Zieler ze maachen.
Donneschdes war dann Nadia Mossong als Invitée am Sportlycée. Am Virfeld haten d’Schüler*innen sech Froen iwwerluecht, déi si dem Nadia stelle wollten. Nadia ass eng Basketspillerin an hat huet, nodeems et 4 Joer an Amerika op engem College säi Sport mat dem Studium verbonnen huet, bal 10 Joer als Profi a 5 verschiddene Länner (D, B, L, F, I) gespillt. Wärend senger Profi-Karriär huet Nadia sech awer och permanent akademesch weidergebilt an sou konnt hat 2019 nach en Master am Beräich “Leadership & Management” ofschléissen.
Duerch seng Erfarunge vu senger eegener Dual Career am Profi-Beräich konnt hat de Schüler vill wäertvoll Ablécker vermëttelen. Sou huet Nadia puermol ënnerstrach wéi wichteg et ass, dass een sech am Virfeld gutt informéiert éier een en Choix fir en bestëmmte College, Spiller-Agent oder Veräin trëfft a wat et generell heescht Profi-Spiller*in ze sinn. Hei ass et, dem Nadia no, immens hëllefräich Kontakt mat Persounen opzehuelen, déi dee Wee schonn hannert sech hunn, an dës Persounen em Rotschléi ze froen. Nadia sot och, dass Sportler*innen vun deene verschiddene Servicer profitéiere sollen, déi et an Tëschenzäit an de verschiddene Strukture vum lëtz. Sport gëtt. Hat hätt deemools déi Méiglechkeet net gehat an dat wier awer eng grouss Hëllef.
En Haaptfokus vum Interview waren och déi mental Aspekter, déi fir esou eng laang Profi-Karriäre eng wichteg Roll spillen. Dem Nadia no ass déi mental Komponent fir eng erfollegräich Karriäre extrem wichteg an hat huet d’Schüler*innen drop higewisen, dass een nieft der eventueller Aarbecht mat engem Sportpsycholog/Mental Coach awer virun allem och sëlwer eng Responsabilitéit huet sech an dem Beräich ze informéieren a weider ze entwéckelen. Als Beispill huet hat d’Selbstvertraue genannt, wat senger Meenung no net fir näischt SELBST-vertrauen heescht: all Sportler*in sollt léiere wéi een sech sëlwer vertraue kann a wat ee sëlwer dofir maache ka fir dëst Vertrauen an sech sëlwer ze steigeren, ganz onofhängeg vun anere Persoune wéi Trainer*in, Matspiller*innen, asw. En weidere wichtege Message vum Nadia war, dass een sech, wann een eng Passioun fir eppes huet an een dat wierklech wëll maachen, net soll vun dem Wee ofbrénge loossen, egal wéi vill Leit engem soen, dass dee Choix net sënnvoll wier. Dat wier oft de Fall, wann ee Leit erzielt, dass een eng Profi-Karriäre am Sport wéilt agoen. Hei sollt ee fest un sech gleewen an un sengem Wee festhalen; mee just wann een sech och bewosst ass wat et heescht Profi ze si mat allen positive wéi negative Facetten an ee bereet ass haart fir dësen Dram ze schaffen.
De Sportlycée seet dem Nadia villmools Merci, dass hat sech déi Zäit geholl huet fir de Schüler*innen vu senger Karriäre ze erzielen an hinne wichteg Rotschléi mat op de Wee ze ginn.