Am Kader vum PPG gi 4e bis 1e Schüler*innen am Zäitraum vun November 2020 bis Januar 2021 ofwiesselend 1 Woch an de Module “Mental Training” bei de Sportpsycholog vum SLL, de Frank Muller. Dëse Module ass esou opgebaut, dass d’Schüler*innen Dënschdes un hiren eegene sportlechen a schouleschen Zieler schaffen an Donneschdes en oder eng Leeschtungssportler*in (aktuell an eemoleg) als Invité an de Sportlycée kënnt. Dës Sportler*innen erziele vun hirer Karriäre a kréie vun de Schüler*inne Froen zu de schéinen, awer och schwierege Momenter vun esou enger Sportlerkarriäre gestallt. Ee Fokus läit natierlech och op de mentalen Aspekter vun der jeeweileger Sportaart a Karriäre an den Ëmgang vum Invité mat der aktueller COVID-19 Situatioun.
Den Ufank hunn dës Woch 1e Schüler vum Max Krippler gemaach an als Invitée war d’Paule Kremer dobäi. Den Interview huet virtuell iwwert Teams stattfonnt, well d’Majoritéit vun de Schüler am Homeschooling war an och d’Paule sëlwer den Dag vum Interview an Auto-Quarantänn war. D’Paulen ass Ultra-Schwëmmerin an huet net de Wee vun enger typescher Leeschtungssportlerin hannert sech: hat huet “seng” Sportaart eréischt zu Uni-Zäiten entdeckt an trotzdeem elo schonn extrem bemierkenswäert Leeschtunge realiséiert. Sou ass hat 2017 als éischte Lëtzebuergerin duerch den Äermelkanal geschwommen an huet fir déi 59 Kilometer ënnert 14 Stonne gebraucht (17 Grad Waassertemperatur). An Zukunft well d’Paule dann och nach déi aner 6 Mierengte vun de sougenannte „Ocean's Seven“ schwammen. Bis elo hu just 20 Mënschen op der Welt dat gepackt.
Am Interview mam Frank an de Schüler*innen huet d’Paule erzielt wéi hat sech physesch a mental op seng Challengë preparéiert a wat fir eng mental Techniken him am Waasser hëllefen. Sou sot d’Paule, dass et ënnerwee ganz wichteg ass ëmmer en positiv Bild am Kapp ze hunn a keng negativ Gedanken opkommen ze loossen. Wann dat trotzdeem eng Kéier de Fall sollt sinn, da muss een dës negativ Gedanke “ukämpfen” an drun denke firwat een dat ganzt mëscht, säi perséinleche “WHY”. Dat ass beim Paule niewt dem sportleche Challenge och de gudden Zweck: sou sammelt hat bei senge Challengen ëmmer Sue fir d’ASBL Plooschterprojet, déi sech fir de Kampf géint Bluttkriibs asetzt. Zum Schluss hat d’Paule dann och nach en Message un d’Schüler*innen: “De Sport soll Iech Spaass maachen. Denkt ëmmer drun firwat dir dat Ganzt maacht a probéiert déi positiv Saachen erauszezéien, grad och a schwéieren Zäiten!”
De Sportlycée seet dem Paule villmools Merci fir seng Zäit an och seng Flexibilitéit, dat Ganzt iwwert Teams ze maachen. Wann dir méi iwwert dem Paule säin Ocean’s Seven-Challenge wëllt gewuer ginn, gitt op seng Facebook-Säit kucken: https://www.facebook.com/sevenoceansforpp