D’lescht Joer em dëst d’Zäit ware 6 Premières-Schüler an 2 Proffen aus dem Sportlycée op Auschwitz gefuer fir do den Affer vum Zweete Weltkrich ze gedenken. Dat ënnert der Leedung vun de “Témoins de la 2e Génération”.
Op der Platz selwer hunn si de Pol Sobol, ee vun deene leschten Auschwitz-Iwwerliewenden, kennegeléiert. Hien huet ënnert anerem vu sengen Erfarungen am Konzentratiounslager geschwat a bei deene jonke Schüler ee bewonnerenswäerten Androck hannerlooss.
Hien wollt weise wéi wichteg et ass, dass déi Generatioun vun haut, d’Geschicht vum Zweete Weltkrich net vergësst well nëmmen sou kennen si aus de Feeler vun der Vergaangenheet léieren.
De 19ten November koum déi traureg Nouvelle dass de Pol Sobol am Alter vu 94 Joer gestuerwen ass.
Mir soen him nodréiglech nach eng kéier Merci!