Den 30. Oktober war e besonneschen Dag fir de Sportlycée.
Et war de Moment vun engem Wiessel, deen all d’ Membere vun der Schoulgemeinschaft beréiert huet. Dëse Freide war de leschte Schaffdag vum Raymond Conzemius, deen als éischten Direkter a Matgrënner vum Sportlycée “seng” Schoul matgepräägt huet a no baussen och ëmmer bëssen hiert Gesiicht war. D’ Schüler wollten hiren Direkter awer net einfach esou goe loossen. De Schülercomité huet hie fir t’ éischt am Büro iwwerrascht an duerno no bausse begleet, wou hien nach méi eng grouss Iwwerraschung erwaart huet. All d’ Klassen haten sech um Terrain versammelt fir hirem Direkter Merci ze soen. Et war e Moment vu staarken Emotiounen, vu Freed a vun Dankbarkeet op alle Säiten.
Ganz emotional gouf och de Nomëtten, wou d’ Enseignanten zesumme mam Personal dem “Raym” Merci gesot hunn fir Alles, an “bonne Chance” gewënscht hunn fir seng Zukunft am COSL. A waarme Wierder huet de Raymond Conzemius sech bedankt a voller Vertraue sengem Nofollger eng glécklech Hand gewënscht.
Mir wënschen dem Raymond Conzemius, Techneschen Direkter beim COSL, an dem Pascal Schaul, Direkter vum Sportlycée, vill Succès op hire neie Posten.