De Frank Muller ass zwar keen Alumni vum Sport Lycée, an awer huet ee vill Erfarung am Beräich Sport a Coaching. Fir méi genau ze sinn, am Beräich Mental Coaching.
Wat genau ass dat?
Enner Mental Coaching verseet ee Sportler doranner ze ënnerstëtzen dass si ëmmer hiert bescht Potenzial kennen erreechen. An ouni ënnert dem ville Stress, deen den Héisch-Leeschtungssport mat sech bréngt, ze leiden. Et ass dobäi wichteg, dass d’Sportler zefridden si well nëmmen sou bleiwen si gesond a motivéiert.
Als Sportpsycholog, wëll de Frank Muller de Schüler net nëmmen am sportleche Beräich mee och am alldeegleche Liewen hëllefen. Sou seet hien: “Ech hunn mech dofir entscheet Sportpsycholog ze gi fir anere Mënschen dobäi ze hëllefen hier eegen Zieler ze erreechen a generell méi glécklech ze sinn.”
De Frank Muller, Basket Spiller, sou wuel wéi ex-Nationalspiller, Trainer a Schidsriichter, weess genau wéi Drock a Stress sech ufillt wann et ëm de Sport geet. “Sport begleet mech scho mäin ganz d'Liewe laang.”
Sou ass hien awer réischt no senger sportlecher Karriär mat der Sport Psychologie an de Kontakt komm. Hien huet schnell gemierkt dass Mental Coaching ee grousse Virdeel huet, wann et em de Sport an den Alldag geet.
Hien ass dofir déi ideal Bezuchspersoun fir d’Schüler am Sportlycée, déi mental Techniken oder néi Gewunnechte wëlle léieren, fir déi Dual Career vu Schoul a Sport besser kënnen ze geréieren.
Mir freeën eis op d’Zesummenaarbecht a wënschen dem Frank vill Gléck a senger neier Roll, wat ënnert de Covid-19 Bedingunge bestëmmt net esou einfach ass.