D'Diplomiwwerreechung vum Sportlycée war den 9. Juli am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. D'Zeremonie fir ons Primaner an hir Familljen huet am Respekt vun den aktuellen Hygiènesvirschrëften am groussen Auditorium stattfonnt. Mir wënschen hinne weiderhin vill Erfolleg an hirer sportlecher, schoulescher a berufflecher Zukunft.