D' 3eC an d' 2eC hunn sech et trotz Covid-19 net huele gelooss op Huelmes an den Centre de Jeunesse Hollenfels ze fueren, fir do een Dag en Stage ronderëm den Ekosystem Waasser ze maachen. Natierlech ënnert den néidegen Hygiènesmesuren.
Si hunn de Sauerstoffgehalt vum Weier bestëmmt an Upassung vun den eenzelen Déieren un sou en stëllt Gewässer observéiert. Souguer e Frësch war hinnen an d’Netz gaangen. Zu gudder Lescht hunn si de Saprobien-Index an der Baach bestëmmt. Dësen Index gëtt Ausso iwwert Propretéit vum Waasser. En grousse Merci geet un eis Formateure Béatrice Feider an Georges Weisgerber.