Am Kader vun engem Erasmus+-Projet, dee vun der hollännescher Sportschoul "Topsport Talentschool Tabor College Hoorn“ geleet gëtt, waren vum 9. bis den 11. Mäerz 2020 dräi hollännesch Experten op Besuch am Sportlycée.
D’Ziel vun dësem interessante Projet ass et fir an ausgewielte Sportschoulen duerch ganz Europa den Alldag vu jeeweils 3 Sportschüler/innen pro Schoul ze begleeden („shadowing“). Iwwer dëse flotte Wee ass et méiglech déi eenzel Systemer aus der Siicht vum Sportschüler ze bewäerten an och Ureegungen ze ginn a wéi enge Beräicher nach kënne Verbesserungen gemaach ginn.
Nieft dem Sportlycée maachen folgend Sportschoulen am Projet mat:
- SLZB (Schul- und Leistungssportzentrum Berlin)
- CAR (Centre d’Alt Rendiment Esportiu), Barcelona
- Stedelijk Lyceum Antwerpen
- Drammen Videregaende Topsportskole, Norwegen
Et kommen nach Schoulen aus Schweden an aus Island dobäi.
D’Delegatioun ëm de Coordinateur vun den hollänneschen Sportschoulen, Tom de Groen, huet der Direktioun vum Sportlycée an engem éischte Bilan vill positive Feedback an de Beräicher vun der Philosophie an der Approche vun der Schoul, vum Encadrement vun de Sportschüler, vun der Ambiance an der Schoul, vum Engagement vun de Schüler, den Enseignanten an den Trainer,… ginn. Entwécklungspotenzial gëtt virun allem am Beräich vun der Flexibilitéit am Kader vum pedagogesche Konzept gesinn.
Dëse Feedback wäert der "Cellule de développement scolaire (CDS)" am Kader vun hiren Iwwerleeungen an der Schoulentwécklung hëllefen.