Als Ofschloss vum 1. Semester huet de SePAS, zesumme mat villen externen a schoulinternen Partner, hier traditionell Semaine de la prévention organiséiert. All ons Klassen hu matgemaach a goufen op verschidden Atelieren agedeelt. Fir déi Grouss stoungen nieft Medientraining, bewosstem Autofueren a gesonder Ernierung virun allem déi berufflech a schoulesch Orientéierung am Zentrum. Déi méi kleng Klassen konnten sech mat verschidden Aspekter vun der physescher a psychescher Gesondheet an enger sozialer Verantwortung auserneesetzen.
Mir soen de Schüler Merci, fir hir flott Mataarbecht. Fir hir Zäit an Engagement geet e grousse Merci un äis Partner: Police Grand-Ducale, ALAD, Association des Victimes de la Route, Self-Defense Club Police, Bee Secure, Superdreckskëscht, CePT, Planning familial, LIHPS, Sport +.