Fir d‘mëttlerweil 20. Kéier huet dëse Weekend d‘LASEL Ski-Championnat zu Adelboden an der Schwäiz stattfonnt. Och de Sportlycée wollt sech d‘Jubiläumsausgab vum Event net entgoe loossen a war mat fënnef Schüler mat um Depart. Ënnert perfekte Wieder- awer ganz schwéiere well veräiste Pistenbedingungen op der Weltcuppiste vum Chuenisbärgli wou de Weekend virdrunner nach d’Weltcuprenne stattfonnt huet, hunn sech eis Schüler ganz uechtbar aus der Affär gezu woubäi besonnesch d'Sophie Hermes an de Pol Frieden am Riseslalom iwwerzeege konnten an sech um Enn um Träppche klasséiere konnten.
E grousst Kompliment geet awer un de ganze Grupp: Eis Schüler hunn sech de ganzen Trip iwwer virbildlech verhalen, eng super Gruppendynamik entwéckelt a souwuel op wéi och nieft der Piste nëmme positiv op sech opmierksam gemaach. E grousse Merci iech all dass dir de Sportlycée sou éierbar vertrueden hutt an hoffentlech sidd dir d‘nächst Joer nees um Start!