Den 20ten Dezember ass déi drëtten Editioun vun der Chrëschtfeier am SL ofgelaf. De Grupp vum Sport+ huet sech et net huele gelooss, fir de Schüler e puer flott Aktivitéiten unzebidden. Nieft enger Talentshow, enger Schnitzeljuegd an engem Escape Room sinn och dëst Joer erëm Schüler beim Charity Snoozerun matt gelaf. D'Sue ginn un d'Fondatioun Häerzkrank Kanner an un UNICEF "Malawi". Merci soe mer dem Comité de la conférence du Lycée an dem Schülercomité fir hir Aarbecht an hoffen och, d'nächst Joer eng Schëpp drop ze lee fir den Dag nach méi feierlech an ofwiesslungsräich ze gestalten. Bis dohin, bleift sportlech!
(Photos by Gilles)