Haut ware mir am Kader vun der LASEL um traditionellen "Axxess-Cross" am Bambësch um Start. Bei miserabele Wiederkonditiounen an Dauerreen hunn eis Schülerinnen a Schüler an hire respektive Coursen alles ginn an eis Faarwen éierbar representéiert. Besonnesch spannend ass et an der Course bei de Meedercher am Kader fir d'Qualifikatioun fir den ISF an der Slowakei zougaange wou sech eis Ekipp - trotz enger souveräner Victoire vum Mara Krombach - nëmme ganz knapp dem Lycée Michel Rodange huet misse geschloe ginn. Trotzdeem Gléckwonsch un Jidderee fir déi top Leeschtung an e grousse Merci fir äre super Asaz!