Eis Jongen (Joërgäng 2002-2004) konnten am Qualifikatiounstournoi géint den LGK, den Lycée Vauban souwéi géint Diddeleng hirer Favoritteroll gerecht ginn an gewannen hier zwee Matcher däitlech an souverän. Domat hunn mir d'Éier fir de Sportlycée an Lëtzebuerg d'nächst Joer um ISF Handball, deen vum 27. Juni - 4. Juli 2020 an Belgrad stattfannen wäert, ze representéieren. Felicitatioun Jongen fir déi super Leeschtung an bonne Chance an Serbien!