Mat der Rentrée 2019-2020 hat de Sportlycée d'Freed an d'Éier d'Rhythmesch Sportgymnastik als nei Sportaart ze begréissen. Zanter September studéiere 7 Athletinnen aus dem Kader "Gymnastique Rhythmique (GR)" vun der Fédération Luxembourgeoise de Gymnastique (FLGym) am Sportlycée. Mir begréissen si häerzlech an onser grousser an diverser Sportfamill a wënschen hinne vill Erfolleg an hirer duebeler Carrière als Sportschülerinnen.