De Freiden, 20. September, war et esou wäit fir d’Auszeechnung vun de gudde schouleschen a sportleche Resultater op der Soirée des récompenses vum Schouljoer 2018-2019.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet et sech net huele gelooss, fir bei dëser Éierung präsent ze sinn a jiddwer Schüler perséinlech déi schonn traditionell Medailen z‘iwerreschen. No enger kuerzer Begréissung duerch de Schouldirekter Raymond Conzemius huet den Här Meisch de Schüler fir hir éischtklasseg Leeschtunge felicitéiert. Nodeems den Här Conzemius op déi exzellent Premièresresultater agaangen ass, war et dunn um Tour vun de Schüler vu 7e bis 1re. An engem zweeten Deel huet den Directeur adjoint Pascal Schaul déi besonnesch Performance vun all geéierte Sportler ervirgehoff. De Prix d’excellence, deen eng aussergewéinlech Kombinatioun vu schoulescher a sportlecher Qualitéit auszeechent, goung dëst Joer un d‘Céleste Mordenti, d‘Marie Schreiber an de Jérôme Pauquet. Schliisslech gouf nach e besonnescht kënschtlerescht Engagement unerkannt.
Am Uschloss zu dëser Feier war de Vernissage vun der Ausstellung „Nanoq – Imag(in)ing Climate Change“. An hirer Ried ass d’Madamm Tania Gibéryen vum Script op de spezielle Message vun den Fotoen am Kader vum Klimawandel agaangen. D'Ausstellung ass bis den 3. Oktober fir de Public op.
Félicitatioune un all ausgezeechente Schüler fir hir Efforten a Resultater.