An der Ouschtervakanz 2020 fënnt déi mëttlerweil 5. Seegelregatta tëscht de Lëtzebuerger Lycéeën statt. Hei kënnt dir äer Freed um Seegelen entdecken a fir de Sportlycée starten. Fir matzemaachen muss sech eng Equipe vun 4-5 Schüler zesummefannen.
Bei Froen oder Interessi kennt dir iech bei der Mme Konsbrück (SePAS) oder beim Här Conzemius (Direktioun) mellen.
Mindestalter: ab 4e
Datum: Sonndes 12. bis Samschdes 18. Abrëll 2020 (2. Woch Ouschtervakanz)
Präis: 590 € (tout compris)
Wou : Bretagne (Baie de Quiberon)
Weider Informatiounen an den Dokumenter an op www.regatta.lu