De 17. September war et souwäit a 75 Schüler vu 7e hunn hire Wee op de Cents fonnt, fir hiren éischten Dag am Sportlycée. Den Dag drop war et dunn un all den eelere Schüler. De Sportlycée ass houfreg dëst Schouljoer 395 Schüler empfänken ze kënnen, encadréiert vun 49 Enseignanten.
Mir wënschen all de Schüler, Enseignanten, Trainer an dem Personal e flott an erfollegräicht Joer!