Leschten Dënschden, den 2. Juli, huet am Sportlycée eng Remise de Chèque stattfonnt. Am Kader vun der zweeter Editioun vun der Chrëschtfeier, déi am Dezember am Sportlycée vum Sport+ organiséiert gouf, war en Total vun 11.000 Euro gesammelt ginn, déi direkt un zwou Associatioune gespent goufen (Amiavy Asbl / Fondatioun Kriibskrank Kanner). Mir soe jidderengem Merci, dee matgehollef huet an zu dësem Montant bäigedroen huet.