Numm / Virnumm / Alter:
Reding Louis / 17 Joer
Sportaart:
Basketball
Lescht Klass am Sportlycée:
4C2
A wéienger Schoul bass du elo:
Wayne High School (James A. Beneway)
Wou:
Zu Ontario, New York State
Wisou hues du dech fir dat Land entscheet:
Fir mech war Amerika am intressantsten, well hei esou vill Basket gespillt gëtt. Derbäi kennt dass ech gären op eng amerikanesch High School wollt goen.
Wou wunns du (Appartement, bei enger Famill, um Campus, an enger WG, asw…):
Ech wunnen bei enger Famill, mat 4 Kanner . Ech hunn 2 Bridder (15 an 5 Joer) an 2 Schwësteren (14 an 12 Joer). Et ass eng grouss Famill wou ëmmer eng lass ass am Haus. Ronderëm Haus ass e Bësch a bis bei den groussen Ontario Lake sinn et ongeféier 300 m. Mam Auto bis an d’Schoul brauch ech ongeféier 10 Minutten.
Hues du dech gutt agelieft / bass du gutt opgeholl ginn:
Jo ganz gutt. Direkt den zweeten Dag war ech op den Fussballstraining (wëll d‘Baskets-Saison ereicht am Oktober ungefaangen huet) an sinn do immens gutt opgeholl ginn. Jiddereen aus der Equipe war immens léif mat mir an hat dunn vun Ufank un gutt Kollegen mat deenen ech dat ganzt Joer vill ënnerholl hunn.
Wei ass den Liewensstil/Mentalitéit am Verglach zu Lëtzebuerg:
Sportaarten an der Schoul ass fir si dat wichtegst iwwerhaapt, soudass méi Competitioun hei ass. An der Basketssaison hat ech oft 2 Mätcher d’Woch. Natierlech sinn am all Dag vill Saachen anescht wie zum Beispill dass si hei méi fréi Owesiessen hunn an zwar um 17:30. Sonndeg ass och net wéi zu Lëtzebuerg wou d‘Geschäfter zou sinn, hei ass alles op et ass amfong wei Samschdes zu Lëtzebuerg.
Wie gëss du mam Liewensstil/Mentalitéit eens:
Ech hunn mech zwar missen drun gewinnen, mee ginn elo awer ganz gudd domadder eens. Zum Beispill muss een ëmmer 15-20% Drénkgeld am Restaurant ginn. All meng Kollegen hunn een Auto. Mat 16 Joer kann een hei an der Schoul de Führerschäin machen, dofir konnt ech iwwerall mat mengen Kollegen hifueren, wat natierlech praktesch ass. Mir si vill Sportsevenementer kucke gaangen wéi z.b. College Basketball op Syracuse, Americain Football op Buffalo, Lacrosse Mätcher, aner High School Basketsmätcher asw.
Wat vermëss de aus Lëtzebuerg:
Meng Famill an Kollegen.
Mat wéi engen Zieler /Erwaardungen bass du dohinner gaangen:
Ech haat mir erhofft, dass ech besser am Engleschen ginn an vill nei Leit kenneléieren. Basket spillen stoung ganz uewen op menger Lëscht an hat et och gepackt an d’Equipe eranzekommen. Basket op enger amerikanescher High School ze spillen war absolut mein Ziel.
Sinn deng Zieler / Erwaardungen bis elo erfëllt ginn:
Jo, si sinn iwwertraff ginn. Ech haat net wëlles Fussball ze spillen firundeems ech heihikomm sinn, wat mir awer am Endeffekt vill gehollef huet mech an der Schoul direkt vun Ufank un gutt ze integréieren an et haat mir immens vill Spaass gemach mat super Kollegen Sport ze maachen. Basket hunn ech dunn vun Enn Oktober un an hat bal all Dag trainéiert an och gespillt. (Mätcher waren vun November bis Mee).
Wat ass bis elo deng schéinsten Erfahrung:
Ech haat immens Chance, dass ech immens vill gereest sinn an Amerika. Ech war mat menger Basketsequipe aus der Schoul Chrëschtvakanz op en Tournoi a Florida. War vill ronderëm komm mat der Basketsequipe, doniewt war ech op Hawaï, New York City a Myrtle Beach (South Carolina). Ech giff soen dass all di Reesen mir meng schéinst Erfahrungen ginn hunn.
Wat ass net esou gutt gelaf:
Ons Basketsequipp hat héich Zieler, wëll et eng staark Equipp war. Mir waren am Fong de grousse Favorit mee mir haten leider an der Halleffinall verluer géingt e Géigner deen mir hätte misste klappen. Am Soccer si mir leider och an der ½ Final erausgeflunn. Dat war Schued.
Hues du eng witzeg Anekdot déi‘s du eis wëlls erzielen:
Mäin klenge Exchange-Brudder vu 5 Joer giff gären a meng Valiss klammen fir mat mir op Lëtzebuerg ze kommen.
Wie gesäit däin Dagesoflaf aus:
Ech stinn um ongeféier 6:45 op, dann iessen ech eppes. Um 7:20 hellt een Kolleg, deen praktesch onse Noper ass, mech mam Auto mat an d’Schoul. D’Schoul ass vun 7:45 bis 14:20 an et sinn ëmmer Klassen vun 50 Minutten mat 5 Minutte Paus no all Klass. Meeschtens ass dann den Basketstraining (oder wéi en Sport een grad mëscht) um 15:00 un bis 17:00. Um 17:20 sinn ech erëm Doheem an normalerweis iessen ech dann mat menger Famill Owesiessen. Nom Iessen huet een dann amfong Freizäit bis een schlofen geet.
Kanns du dir virstellen méi laang do ze bleiwen (Firwat oder firwat net):
Ech kinnt mir dat scho virstellen, mee vlait op enger anerer Plaz. Well d’Schoul mech vun Ufank un an dat läscht Joer High School gesat huet, si meng Kollegen elo all am läschte Joer. Dat nächst Joer sinn si all verspreet op verschidden Uni‘en.
Wat géings du den Schüler soen, di eventuell och en Auslandsjoer wëllen maachen, sech awer nach net secher sinn:
Ech giff hinnen definitiv uroden, et ze maachen. Hei erlieft een souvill Saachen déi‘s de fir dein Liewen mathëls an een ëmmer kann drop zréck gräifen.