Eis Klass, d’7C1, huet mat engem Commentaire zum aktuellen Thema „Gratis ëffentlechen Transport“ beim Concours Jeune Journaliste matgemaach.
D’ Madamm Nadine Gautier vun RTL huet eis an deem Kader am Sportlycée besicht an ons an engem interessante Virtrag erkläert, wat d’Aarbecht vun engem Journalist ass, an ons Tipps gi fir e gudde Reportage ze maachen. Ausserdeem huet si ons verroden, wourop et bei engem gudden Interview ukënnt. Immens gefreet huet ons hir Aluedung bei RTL , wou si ons d’Gebai an déi verschidde Studioe gewisen huet. Mir konnten hannert Kulisse kucken, z. B. vun der Opzeechnung vum Familljenduell, ons déi verschidde Fernsehstudioen ukucken a beim Radio an de Mikro schwätze fir Stëmmprouwen ze huelen.
Zeréck an der Klass hu mir Iddien ausgetosch, Meenungen an Zitater gesammelt a mat den Tipps, déi mir kruten, Froen an en Text ausgeschafft zum Thema „Gratis ëffentlechen Transport“. E puer Fräiwëlleger hunn sech dunn bereet erkläert, den Här Minister Bausch perséinlech ze interviewen. Si hunn sech op de Wee gemaach an den Transportministère a ganz vill Froe gestallt. Mat den Äntwerten an onse Meenungen hu mir dunn zesummen en Text verfaasst an e mam Mikro opgeholl.
Nodeems mir onse Commentaire enregistréiert hunn, gouf en vun der Madamm Gautier nach professionell zesummegeschnidden. De fäerdege Projet ass un d’Jury vum Concours geschéckt ginn. Och wann mir leider net gewonnen hunn, konnte mir esou vill Erfarunge sammelen, en Abléck an d’ Beruffswelt kréien an ons Meenung zum Thema soen.
(Text: Eric Olafsson)
Fir den Audiobeitrag ze lauschteren, w.e.g. op déi éischt, schwaarz-wäiss Foto klicken!