Mam Ziel de Schüler ee gesonde Snack an hirer Moiespaus unzebidden, huet de Sportlycée virun e puer Méint een neie Projet gestart: de Schülercomité verkeeft zesumme mam Dani Konsbruck (Sepas) a mam Tammy Diderich (Diététicienne) selwergemaachte Smoothien. Dës Smoothië gi bis elo eemol d’Woch mat saisonalen a biologesche Produkter zoubereet a verkaf.
Hei ee Beispill vun engem Rezept:
Mango-Bananne-Smoothie
Fir 4 Glieser: 1 Mango, 2 Banannen, 300ml Orangëjus, 250g Naturjughurt, 2 Läffele Chiakären
Weider interessant a wichteg Informatiounen zum Thema Ernierung fannt dir op Instagram: https://www.instagram.com/nutrition_sportlycee/