Am Sportlycée gëtt 'Preventioun' grouss geschriwwen. Dorënner fält net nëmme Leeschtungssport an engem physeschen a psychesche Gläichgewiicht, mee och e Bewosstsinn an Engagement fir Gesellschaft an Ëmwelt. Dass dëst Engagement bei 'Youth for Climate' vun de Jonke selwer kënnt, konnt de Sportlycée, ewéi den Educatiounsministère, nëmmen ënnerstëtzen.