An engem flotten Atelier hunn d’ Schüler vun der 7eC1 sech mat der Entstehung an Evolutioun vun der Schrëft an eise Géigende beschäftegt.
No enger theoretescher Introduktioun vun der Mme Simic aus dem Nationalarchiv konnten d’ Schüler mat Hëllef vu verschidde Materialie selwer ausprobéieren, wéi fréier geschriwwe gouf. Nodeems si ewéi réimesch Schüler mat Griffel a Wuestafele Rechnunge mat réimeschen Zuele geléist hunn, hunn se mat Encre de Chine op engem reproduzéierte Pergamentpabeier hire Numm a gotesche Buschtawe geschriwwen. Schnell hunn se gemierkt, dass et vill méi mühsam war ewéi haut, wou se beim Schreiwen op vill digital Medien zeréckgräife kënnen.
Et war eng interessant Zäitrees, déi de Schüler op eng interaktiv Manéier gewisen huet, wéi d’ Schreiwen sech am Laf vun de Joerhonnerte verännert huet a firwat et och am Zäitalter vun der Digitaliséierung wichteg ass, handgeschriwwen Originaltexter gutt ze archivéieren.