Fir Verännerung vum Bluttdrock an der Häerzfrequenz beim Sport ze erklären, hunn Schüler vun der 4C2 en Projet interdisciplinaire gemaach.
Beim M. Grandjean hunn si am Sport en Selbsttest gemaach, andeems si béid Wäerter virum, wärend an nom Test Luc Léger, och Beep-Test genannt, gemooss hunn. Mathëllef vun der Zellotmung, déi si am Cours bei der Mme Karier an der Biologie geléiert hunn, konnten si hier Resultater erklären. Zum Schluss gouf zesumme mam M. Wennig an der Info en Lehrvideo vun all Grupp erstallt. Resultater kennen sech weise loossen. Kuckt selwer, vläicht léiert den een oder aner nach eppes bäi. :-)