Fir déi éischt Kéier an der Geschicht vum Sportlycée hunn d 'Schüler aus dem Sport+ ee Charity Run organiséiert. Zudeem gouf et dëst Joer och fir déi éischt Kéier eng Fitness Challenge, wou d 'Schüler zu hire sportleche Limitte gefuerdert goufen. Am Géigesätz zum leschte Joer goufen d 'Schüler méi kierperlech beusprocht. Natierlech war och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. An hei konnten sech déi nach esou sportlech Schüler ënner anerem och emol eppes Séisses gënnen, fir d 'Feierdeeg anzestëmmen. E grousse Merci gëllt och deene Sponsoren, déi eis op dem Dag ënnerstëtzt hunn. Et war alles an allem eng ganz flott Ambiance an enger 3ter Editioun steet näischt am Wee. Den Haaptdeel vum Erléis vun der Chrëschtfeier ass fir e gudden Zweck a kennt dëst Joer och de Kriibskranke Kanner an Amiavy ze Gutts.