Den 11. Januar 2019 hat den Eugène Weber Kollegen, Frënn a Famill an de Sportlycée agelueden, fir seng wuelverdéngte Pensioun ze feieren. Zesumme mat senge Kollege vum Service Technique hat den Usch ëmmer en oppent Ouer fir d’Besoine vun de Schüler, Aarbechtskollegen a Gäscht, an deementspriechend grouss war den Undrang op senger Abschidsfeier. Mat beweegte Wierder hunn de Raymond Conzemius, Direkter vum Sportlycée, a Bob Kies,Vertrieder vum Proffekolleg, dem Usch fir seng wäertvoll, laangjäreg Déngschter an seng häerzlech-kollegial Aart Merci gesot. Mat gewinnt rouege Wierder konnt den Usch un flott Joren an enker Zesummenaarbecht erënneren. Alleguer wënsche mir dem Usch alles Guddes a senger Pensioun.